_MG_8341Wat as KannerYoga?

KannerYoga ënnerscheed sech vum Erwuesseneyoga virun allem dorunner, datt d’Kanner op eng spilleresch a phantasievoll Manéier ouni Drock a Wertung, Yoga erliewen.

D’Asanas (Kierperstellungen) hun Nimm mat denen d’Kand direkt a Relatioun goë kann wéi z.Bsp. ze stoën wéi e Bam, d’Flilléken beweegen wéi e Päiperléck, e Bockel machen wéi eng Kaz,…

« Kinder machen kein Yoga, sie sind Yoga» (Thomas Bannenberg)

D’Yogastonnen hun all e festen Opbau mat verschiddenen Ritualer, wat dem Kand zousätzlech Sécherheet vermëttelt.

 

 

Firwat KannerYoga?

Yoga as e wonnerbaren Ausgläich zum leeschtungsorientéierten Alldag an der Schoul an erméiglecht ët Kierper, Geescht a Séil an Harmonie ze bréngen.

Doduerch kënnen d’Kanner :

– sech besser konzentréieren

– Freed un der Beweegung entwéckelen

– hier Motorik an Haltung verbesseren

– sech besser koordinéieren

– ee bewosst Kierpergefill opbauen

– hiert Selbstwertgefill an Selbstvertauen steigeren

– hiert Immunsystem stäerken

– hier Sënner sensibiliséieren

– …