OFLAF
All KannerYoga-Séance as an eng Geschicht oder een bestëmmtend Thema agebonnen an huet dee selweschten Opbau. Dëst erlaabt de Kanner sech besser orientéieren ze kënnen a sech méi sëcher ze spieren. Ausserdem kréien sie doduerch d’Méiglechkeet z’antizipéieren an och nei Iddi’en mat eran ze bréngen.
Dës Geschichten / Thema’en gin jeweils an e puer Séancen hannerteneen widderholl (mat klengen Variatiounen) fir de Kanner z’erméiglechen déi eenzel Elementer aus der Yoga-Séance ze verënnerlechen.
Eng Yoga-Séance as folgendermoossen strukturéiert:
- Begréissungsritual
- Mantra sangen
- Opwiermen (z.Bsp. Bewegungsspill, Danz,…)
- Asana- an Pranama-Praxis (Kierper- an Otemübungen)
- Entspanung (Phantasierees, autogenen Training, Feldenkrais, MBSR,…)
- Ofschlossritual
Inhaltlech sin d’Séancen un den Alter, d’Entwécklung, d’Anatomie an och d’Bedürfnisser vun deene jeweilegen Altersgruppen ugepasst.